D’Rotonden zu Bouneweg plange fir hir nei Saison iwwer 200 Virstellungen. Ënnert dem Titel "Explorations culturelles" solle Brécken tëscht verschiddene Konschtforme geschloe ginn. Zum Beispill ginn Zirkus a Musek matenaner verbonnen. D'Festivalen, wéi de "Bicycle Art and Film", "Eat it" oder "Do it Yourself", sollen ausgebaut ginn.
Filmprojektioune ginn et am Kader vum "queer loox" mat "Queer"-Filmer an dem "Hungry Planet" mat Filmer zum d’Thema Ernährung. Mäert, wéi d’Foire aux disques oder dem Vide Dressing wäerte weiderhinn organiséiert ginn. Den Troc’n’broll, wou Konschtwierker getosch oder kaf ginn, gëtt verlängert op zwee Deeg. De Philippe Hansen huet Detailer.