Lëtzebuerg ass fir den Douglas Rintoul theatralesch keen obekannten Territoire, en huet ë.a. 2008 Design City an 2011 dem Patrick Marber säi Stéck "Closer" mat Myriam Muller a Jules Werner am Kapuzinertheater inszenéiert oder 2013 "As you like it" vum Shakespeare am Groussen Theater, a virun allem war hien de Co-Regisseur vun der Deborah Warner hirer Julius Cesar-Inszenéierung 2005, déi mam Oscargewënner fir "The English Patient" Ralph Fiennes zu Lëtzebuerg ze gesi war. De Douglas Rintoul huet deemools mat engem Cast vu 60 Leit vun hei geprouft, déi dono mat dem Haaptcast vu London gespillt hunn, eng grandios Inszenéierung. Den Douglas Rintoul ass am Jury vum TalentLAB a en ass Mentor vun der Lëtzebuerger Actrice Larissa Faber an hirer Speaking in Tongues Theatre Company mat hirem "The project Mad City - A Cacophony In Mouvement ".
De Jean-Claude Majerus huet mam Douglas Rintoul geschwat.