Summer in the City englobéiert eng ganz Rei Aktivitéiten, musikalesch Eventer, Festivalen, Visites Guidées an nach esou Munches, alles an der Stad Lëtzebuerg. D'Highlights sinn d'Fête De La Musique, Blues'n Jazz Rallye, d'Feierlechkeeten um Virowend an Nationalfeierdag selwer. Derbäi nach vill Aneres, dat den LCTO (Luxembourg City Tourist Office) fir de Summer in the City fir d'Residenten an d'Touristen organiséiert.
Dem Tom Bellion, Direkter vum LCTO am Gespréich mam Manuel Ribeiro.