Grenzen, Migratioun, Exil... Sech mat der Kultur der Onmënschlechkeet widdersetzen. Schrëftsteller a Cineasten aus der ganzer Welt tausche sech dräi Deeg laang iwwer Erlieftent a Geschriwwenes aus, a sichen no neie Weeër vu friddlechem Zesummesinn.
Saint-Malo verwandelt sech an eng literaresch Héichbuerg an eis "grande dame de la poésie", Anise Koltz, gëtt fir hiert Liewenswierk ausgezeechent.
Eng Aféierung vum Valerija Berdi