Zwee Oscaren, eng Rei Affaire mat bekannte Leit aus dem Showbusiness wéi James Stewart, Howard Hughes an John Huston, eng Geriichtsaffaire géint Warner Brothers, eng Schwëster, déi net manner Succès als Actrice hat an d'Participatioun un engem vun deenen erfollegräichste Filmer vun allen Zäiten: "Gone With the Wind": mat dëse Stéchwierder kann een d'Olivia de Havilland resüméieren.
D'Martine Reuter kuckt op d'Liewe vun där Actrice zréck, dei haut hiren 100. Gebuertsdag feiert.