"Liebes Zielpublikum" - sou huet de Max, deemols nach Dieter Moor, seng Spectateuren an der Emissioun "Canale grande" Mëtt vun den 90er Joren ëmmer begréisst. "Liebes Zielpublikum" gouf Kult, an den Dieter Moor och. Haut moderéiert de geléierten Auteur nieft aneren op der ARD "Titel, Thesen, Temperamente", um RBB "Bücher und Moor" oder och "Bauer sucht Kultur".
De gebiertege Schwäizer huet mat senger Fra e Biobauerenhaff a Brandenburg iwwerholl a schreift Geschichten, déi hien do erlieft huet op: "Was wir nicht haben, brauchen Sie nicht: Geschichten aus der arschlochfreien Zone" koum 2009 eraus, 2012 dunn "Lieber einmal mehr als mehrmals weniger: Frisches aus der arschlochfreien Zone", an zulescht 2015 "Als Max noch Dietr war. Geschichten aus der neutralen Zone" - do geet et ëm seng Kandheet an der "neutralen Zone" Schwäiz. D'Nathalie Bender huet sech mam Dieter Moor ënnerhalen.