D'Schauspillerin an d'Kënschtlerin Katharina Bintz an den Dänzer a Choreograph Gianfranco Celestino hunn eng innovativ Form vun interdisziplinärer Konschtperformance an d'Liewe geruff. Fir d'Saison 2016/2017 hu si mat Friday Island eng Insel konzipéiert, déi e Raum soll si fir Danz, Theater, Musek, Liesungen an Ausstellungen, awer och fir Diskussiounen, e kriteschen Austausch an nei Iddien, Ausdrocksformen a Konzepter. Zäitgenëssesch Konscht an hir Verflechtunge mam an am sozialen a politesche Liewen, wéi och d'Interaktioun vu verschiddene Konschtforme stinn am Mëttelpunkt vun hirem Projet.
Iwwer dës experimentell Konschtartikulatioun erzielen d'Katharina Bintz an de Gianfranco Celestino am Gespréich mam Valerija Berdi.