De Jack Arnold war de Meeschter vum B-Movie, engem typesch amerikanesche Filmgenre, dee virun allem am Horror a Science Fiction populär war. Den amerikanesche Realisateur huet net immens vill gedréit awer op säi Konto ginn direkt 4 vun de Klassiker aus dësem Genre, Filmer, déi och haut nach faszinéiere kënnen.
Gëschter hätt hien säin 100. Gebuertsdag gefeiert. D'Martine Reuter gratuléiert.