"Fir e Suizid, brauch een e staarke Wëllen, eppes, wat s du garantéiert net hues", seet d'Mamm zur dräizéngjäreger Olga Hepnarova, nodeem si probéiert hat, sech d'Liewen ze huelen ... E Film, deen dat trauregt Liewe vun enger jonker Fra nozeechent, déi mat 22 Joer an e Camion klëmmt fir an eng Mënschemass eranzefueren ...
De Film vun den zwee Realisateuren Tomas Weinreb a Petr Kazda gouf um internationale Filmfestival zu Vilnius zum beschte Film ausgewielt a war op der Berlinale, sou wéi op den internationale Filmfestivalen zu Sofia an zu Hong Kong nominéiert ginn an ass an der Cinemathéik am Kader vum Filmfestival CinEast gelaf ass.
E Film, deen op vill Recherche baséiert, op der Sich no Erklärungen, fir eng aussergewéinlech verzweiwelt Handlung. D'Valerija Berdi huet de Film gesinn.