Äntwerten op esou etymologesch Froen z. Bsp. fënnt een an der griichescher Mythologie. Souwuel Arachne wéi och Sisyphos, grad wie Atalante, Europa, Prometheus an Tantalos sinn Nimm aus der griichescher Mythewelt, an an deene Mythen verstoppe sech vill Grondlagen deenen een och haut, sief et a Literatur, Film, Theater, Konscht, am Liewen ëmmer nees begéint.
Dës 6 Figuren an hir Geschicht huet de Romain Jeblick am 1. Band "Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch" iwwer Griicheland elo erausbruecht.