Lëtzebuerg war eng vun 8 europäesche Stied an deenen de Christian Kracht aus sengem neie Wierk "Die Toten" gelies huet. Invitéiert war hie vum Institut Pierre Werner, a gelies huet en an de Rotonden, d'Moderatioun vum Gespréich gouf vum Germanist a Literaturwëssenschaftler Dr. Johannes Birgfeld gemaach, dee sech intensiv mam Auteur Christian Kracht auserneesetzt.
Dem Christian Kracht säi Buch "Die Toten" ass Ufank September erauskomm, beim Verlag Kiepenheuer&Witsch. Wéi scho viregt Bicher vum Schwäizer Auteur trëfft och "Die Toten" net op ongedeelten Zoustëmmung beim Publikum. De Samuel Hamen war bei der Liesung an de Rotonden dobäi.