Iwwerliwwert Mythen, magrebinesch Traditioun, Märercher a Legenden an der Symbios mat aktuelle gesellschaftleche Problemer fëllen d'Bicher vum marokkanesche Schrëftsteller Tahar Ben Jelloun. 1987 gouf den engagéierten Intellektuelle mam Prix Goncourt fir säi Wierk "La nuit sacrée" ausgezeechent. Seng pädagogesch Bicher hu grousse Succès gefeiert.
Am Gespréich mam Valerija Berdi verréit den Tahar Ben Jelloun seng Meenung iwwer den aktuelle Literaturnobelpräis, seng Aarbecht an der Académie Goncourt, säin Engagement géint de Rassismus an d'Bedeitung vun der "Solitude"...