Marc Schoentgen a Pierre Even, Maischi Tibesart, Renée Weber a Claudine Muno - sou heeschen d'Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2016, dee gëschter Owend zu Walfer an de respektive Kategorië Bildband, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch a Fiktioun iwwerreecht gouf. Glécklech waren och déi respektiv Editeuren, Saint-Paul fir de Biller Band "Die Dynastie Luxemburg-Nassau", Guy Binsfeld fir d'Kachbuch "E Maufel Lëtzebuerg" an de Robert genannt Gollo Steffen, deen en duebel Succès hat: souwuel d'Kannerbuch "Eng Maus am Haus", wéi och de Roman "Komm net kräischen", si mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn. Ausserdeem huet de Jury e Coup de coeur ausgeschwat, fir den aussergewéinleche Buchprojet "Impossible Readings", deen an den Editions Hydre erauskoum.
D'Nathalie Bender mat weideren Detailer.
D'Nathalie Bender mat Detailer vun der Präisiwwerreechung.