Et sinn elo 5 Joer hier, datt de Cercle-Cité op der Plëss seng Dieren no enger opwenneger Renovatioun nees opgemaach huet. Zanterdeem ass och vill Liewen an den historesche Maueren, wou de Cercle-Cité säin Doheem fonnt huet, mat e sëlleche Manifestatiounen iwwert d'ganzt Joer verdeelt. Dat geet vu Konferenzen, Ausstellunge bis bei Liesungen. Gëschter (23.11.16) huet de Cercle-Cité en neie Projet virgestallt, an zwar eng Publikatioun mam Titel "Cercle 1909-2010", an där op 150 Säiten d'Geschicht vum Cercle tëscht 1909 an 2010 retracéiert gëtt.
Detailer vum Jean-Claude Majerus.