Zanter zéng Joer gëtt op der Uni Lëtzebuerg Luxemburgistik bedriwwen - wat maachen d'Fuerscher an dësem nach jonken Institut fir lëtzebuergesch Sprooch a Literaturwëssenschaft? A wéi gëtt do geschafft?
Wien dës nach jonk Fuerschung zu Lëtzebuerg interesséiert, sollt net zécken an den Dënschdeg, 6. Dezember an d'Blackbox vun der Maison des Sciences Humaines op Esch-Belval goen. Do presentéieren d'Mataarbechter vum Institut hir Aarbecht mat Hëllef vu sougenannte Pousteren a klengen Aktivitéiten. Jiddereen ass wëllkomm, et geet um 5 Auer nomëttes lass. Am Virfeld informéiert d'Nathalie Bender oder kuckt op infolux.uni.lu.