Beethoven, Wagner, Verdi ... e Mord an der Philharmonie an zwee Auteuren, déi mat wonnerbar schwaarzem Humor eng Intrig ronderëm déi dräi dichtegst Poliziste vu Lëtzebuerg zesummespannen.
D'Liesung vum Auteurenduo Basso a Lunghi am Café Littéraire Le Bovary ass mat ganz vill Dynamik iwwer d'Bühn gaangen. Eng kleng Prise zerwéiert d'Valerija Berdi.