Virun engem gudde Joer ass Catch a smile vu Volontairen an d'Liewe geruff ginn. Zanter deem si si am Déngscht vun der Mënschlechkeet ënnerwee, fir Refugiéen a Flüchtlingscampen déi néideg Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen an de Mënschen an der Nout och méi wéi e léift Laachen ze schenken.
D'Volontairen hunn bei all Openthalt Fotoe gemaach a presentéieren déi dëse Weekend zu Contern an der Grondschoul. De But ass, de Bierger d'Situatioun an de Campe méi nozebréngen an d'Gesiichter ze weisen, déi sech hannert der Anonymitéit vum Begrëff Flüchtling verstoppen.
D'Valerija Berdi war um Vernissage derbäi an huet mat den Organisateuren a mam Fernand Schiltz, Buergermeeschter vu Contern geschwat.