Mat bis ewell enger hallwer Dozen CDe geet d'Plackefirma Trikont an dëser Serie all Kéier op ee bestëmmte Sujet an, behandelt vu Kënschtler aus dem Freistaat Bayern: un d'Rei koume bis ewell "Die Liebe", "Der Tod", "Der Rausch", "Die Freiheit", "Der Irrsinn" an elo eben den Himmel an d'Hell - woubäi d'Beiträg aus verschiddene Genrë kommen, et geet vum O-Toun aus der Karl Valentin-Zäit iwwert Kabarettistesches an Autoreliesungen, bis bei Musikalesches aus der aktueller Zeen. Vertruede si grouss bayresch Nimm wéi Hans Söllner, Ringswandl, Gerhard Polt, Willy Michl an - op d'mannst bei eis - manner bekannt Interpreten, woubäi de roude Fuedem bei alle Kënschtler déi matmaachen evident ass: weis mir de Bayer, esou wéi s du e gesäis!
De Fred Medernach huet sech de leschte Volet ugelauschtert ... a waart schonn ongedëlleg op deen nächste fir dës kulturell Bayern-Enzyklopedie ze vergréisseren.
Surftip: www.trikont.de