De Lëtzebuerger Kach an Hobby-Kriminalist Xavier Kieffer enquêtéiert nees. No Olivenuelech, Thon, exotesche Friichten oder dem Handel op der Bourse mat Iesswueren, steet déi Kéier en ale Guide gastronomique am Mëttelpunkt. "Gefährliche Empfehlungen" ass e gelongene Krimi, kuerzweileg, spannend, informativ a gutt ze liesen. Dobäi kënnt, datt d’Personnagen aus de leschte Bicher och nees derbäi sinn: de südamerikanesche Kach Esteban, de gemittleche Finn Pekka Vatanen, dem Xavier Kieffer seng grouss Léift, d’Cheffin ebe vum Guide Gabin Valérie, déi an dëser Geschicht weist, datt se net nëmmen déi knallhaart Geschäftsfra ass, oder déi granzeg Kommissärin Lobato. Figuren déi all eenzel hire Charakter hunn, déi eng méi, anerer manner sympathesch, mä präzis beschriwwen, wat dem Auteur eben zanter dem éischte Xavier-Kieffer-Krimi reusséiert.
De Jean Claude Majerus huet de Roman gelies an ass dem Tom Hillenbrand begéint.