Et ass eng laang Lëscht mat Dossieren, déi de Lëtzebuerger Konsumenteschutz prioritär am nächsten Exercice op de Leescht wëll huelen. Gëschter Owend op der Generalversammlung gouf awer och den aktuelle Conseil reconfirméiert.
Wat fir Dossieren absolut Prioritéit behalen, erkläert deen nei-ale President Nico Hoffmann um Mikro vum Gilles Wunsch.