Leeft déi laang a mouvementéiert Geschicht vun der Entwécklungs-Zesummenaarbecht op en Echec eraus? Fest steet, si ass kee Wonnermëttel géint Migratioun.
An Zäite wou exzeptionell vill Leit aus ënnerschiddleche Grënn hir Heemecht verloossen, proposéiert den Entwécklungs-Beroder Friedbert Ottacher, zesumme mat sengem Beruffskolleg Thomas Vogel, an op Basis vu senge méi wéi 15 Joer Erfahrung um Terrain, en anschaulecht Buch: “Entwicklungszusammenarbeit im Umbruch”. Wie gäre liicht verständlech, kompakt a gutt op-bereet Informatiounen hätt iwwert d'Geschicht vun der Entwécklungs-Zesummenaarbecht, déi ënnerschiddlech Theorien dozou, d'Praxis a méiglech Äntwerte vun der Weltgemeinschaft op dréngend Problemer wéi chaotesch Migratioun a Klimawandel, deen ass hei richteg. Déi zwee Auteure beliichten d'Thematik och unhand vun engem interaktiven Theaterstéck, an deem der Entwécklungs-Zesummenaarbecht de Prozess gemaach gëtt. Ëmmer op Basis vun Zeienaussoe vu Leit aus där Stad, an där d'Stéck grad hi gereest ass. De Public decidéiert herno iwwer Fräisproch, oder Scholdsproch. D'Cléo Thoma huet sech mam Friedbert Ottacher ënnerhalen.