"40 Joer Rolfmusik" - dat ass den Numm vun der Tournée, op där de Rolf Zuckowski grad ënnerwee ass.
Ouni den däitsche Lidderschreiwer wär de Repertoire vun de Kannerlidder haut ëm gutt 100 Stécker méi aarm. An d'Textzeil "Du da im Radio" ass souguer deenen nach e Begrëff, déi ëm 1981 nach keng bewosst Konsumente vu Radiossendunge waren. D'Nathalie Bender gratuléiert dem Rolf Zuckowski fir säi 70. Gebuertsdag.