Zënter 20 Joer schonn ass et beim Eurovision Song Contest, datt déi stäerkst finanziell Donateure vun der EBU an den Titelverdeedeger eng garantéiert Startplaz an der Final vum fréiere Grand Prix d'Eurovision de la Chanson hunn. Zu deem Krees zielen ëmmer Frankräich, England, Spuenien, Däitschland an Italien als sougenannt "Big Five", ausserdeem dat Land, wat am Joer virdru gewonnen huet, an an dem den ESC organiséiert ass.
Vun un datt Virentscheedungen agefouert goufen, 2004, bedeit déi Regel och, datt dës Länner net mussen an enger Semifinale iwwerzeegen, mä direkt fir d'Final qualifizéiert sinn.
Et ass awer och eng Tatsaach, datt sech schonn dacks gewisen huet, datt eben d'Contributioune vun deene Big Five guer net bis an d'Final komm wären, wa se sech wéi déi aner hätte missen an enger Halleffinale qualifizéieren. An der Final stoungen se dacks op den hënneschte Plazen.
Dës Joer par contre fënnt een ënnert de Favoritten ee vun de Big Five: de Francesco Gabbani, dee fir Italien um ESC sengt. De radio 100,7-Korrespondent Horst Senker ass dem Francesco Gabbani rezent bei enger ESC-Manifestatioun zu Amsterdam begéint.