2014 hunn de Claude Humbert an de Jean Noesen den Théâtre Grand Ducal gegrënnt. Den Théâtre Grand Ducal ass entstanenen fir éischtens Kontakter zu auslännesche Bühnen ze knäppen an ze fleegen, an zweetens ass et en Zil fir jonk Schauspiller an Acteuren déi ufänken z’ënnerstëtzen an deem se net nëmme an Niewerolle mä och an droende Rollen agesat ginn. Mä eenzege Bemol awer datt se keng fest Bühn hunn, mä och ass d’Zukunft awer net all ze däischter. D’Stécker déi bis ewell gespillt goufen, hunn ëmmer ronderëm Mënsche gedréint, déi sou ze soen um Bord vun der Gesellschaft liewen. An dat ass och net anescht bei der neister Produktioun “Unter der Treppe” vum Charles Dyer. Et gëtt ëm d’Geschicht vun enger homosexueller Koppel, jee klassesch se kënne net matenee awer och net ouni.
arrow_back_ios
Kultur
Théâtre Grand Ducal: "Unter der Treppe" vum Charles Dyer
Episoden

Filmkritik: "Black Dog"
E Mann, en Hond, eng quasi Geeschterstad um Bord vun der Gobi-Wüst ... Eng Kritik vum Michel Delage a vum Valerija Berdi

Mam Fokus op d'klassesch Gittar
Fir déi mëttlerweil véiert Editioun gëtt vum 10. bis den 19. Mee de Gittarefestival zu Lëtzebuerg ofgehalen.

Anne-Marie Reuter - Laureatin vum Servais-Präis 2025
"M for Amnesia" - der Schrëftstellerin an Editrice hiren éischte Roman gëtt mam Servais-Präis 2025 ausgezeechent.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.

Friddensvisiounen
De Michael Schønwandt iwwer Fridden, perséinlech Begéinungen an e seele gespillte Repertoire. De 27.04 ass den Dirigent zesumme mat der DRP live um radio 100,7 ze héieren.


30 Joer den Atelier: "Fréier war alles e bësse méi Rock'n'Roll"
D'Jette Kaiser vum Concertshaus an der Hollerecher Strooss am Gespréich

Pressekonferrenz vum OCL
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, huet haut op eng Pressekonferenz am Grand Théâtre agelueden.

Musique Plus
Een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.

Am Gespréich mam Antoine Pohu an der Anne Simon
De Schrëftsteller an d'Metteuse en scène iwwer hiert Stéck "Spring Awakenings"
Chère Maman
Eng BD vun der Sophie Adriansena Mlle Caroline. Et geet hei ëm Mammen, déi toxesch kënne sinn.
Sound Effects Workshop
Wann Dir Iech scho mol selwer u Sound Effecter wollt probéieren, kënnt Dir dat de Sonndeg um PICelectroNIC zu Bouneweg.

"Il est très important de s'imprégner de cette musique"
Amerikanesch Musek aus dem 20. Joerhonnert am Escher Conservatoire. Gershwin, Bernstein a Menotti op 2 Pianoen a Perkussioun, deels och mat Gesank.

Eng Invitatioun fir eng nei Vue op dem Bert Theis säi Wierk
De Collage als Basis fir kënschtlereschen Aktivismus am Raum

Out Of The Crowd 2025 - Impressiounen
De Marc Clement an de Jeff Schinker schwätzen iwwer déi éischten ausverkaaften Editioun vum Festival.

Gilad Ashery
Eis Paräis-Korrespondentin Lucie Wahl huet dee jonken israeelesche Kënschtler Gilad Ashery getraff.
