Days Without End vum Sebastian Barry gëtt aus der Siicht vum Ech-Erzieler Thomas McNulty opgerullt: dësen ireschen Immigrant flücht an de Kanada an dono an Amerika fir der grousser Hongersnout ze entkommen. An de Staate frënnt hie sech mam John Cole un, déi zwee schloe sech zesummen duerch, leeschten hire Militärdéngscht a ginn zesummen an de Krich géint d'Indianer an an den amerikanesche Biergerkrich.
Fir Days Without End huet de Sebastian Barry 2016 de Costa Book Award kritt. De Jury huet vun engem Genoss vun engem Buch geschwat, epesch a gläichzäiteg intimistesch, e Wierk wat et fäerdeg bréngt an historesch opgewullte an haarden Zäite Plaz fir Léift a Sécherheet ze schafen.