arrow_back_ios
Fräie Mikro
Ethesch Froen an der Sozialaarbecht
Fir Kanner a Jugendlecher déi an Nout sinn, ginn et psychosozial Hëllefstrukturen a Gesetzer, déi hinne Schutz ubidden. Nach musse se zäitgeméiss an esou ausgeriicht sinn, datt se eng adequat Hëllef ubidden. D'Jugendschutzgesetz grënnt op Iddien, déi méi wéi 30 Joer al sinn an d'Organisatioun vun de Servicer fir Kanner an hir Famillje léist villes ze wënschen iwwreg.
E Fräie Mikro vum Gilbert Pregno, Psycholog am Kannerschlass a President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.