Hien ass nieft dem Reinhard Mey, dem Konstantin Wecker, dem Dieter Süverkrüp an dem Gerhard Schöne mat ee vun de leschte grousse politesche Liedermacher am traditionelle Sënn: den Hannes Wader. Zënter iwwer 50 Joer ass den Hannes Wader scho mat senger Gittar ënnerwee, vun Norde bis an de Süden a vum Weste bis an den Osten, an de Wader setzt sech mat sengem Gesang fir eng besser Welt an. Mä elo mat 75 Joer seet de Chansonnier der Bühn Äddi.
De Jean Claude Majerus mat engem Portrait.