Dem Telmo säi Papp wunnt a Portugal an hien, Telmo, ass zu Lëtzebuerg am Foyer. Hie verlaangert schlëmm no sengem Papp. A wëll him eppes soen.
Den Telmo ass den Haaptpersonnage am Roland Meyer sengem neie Buch mam nämmlechten Titel - "Tel Mo E Kannerbuch fir erwuesse Leit". D'Buch, dat op der Lay erauskomm ass, erzielt aus den Ae vum Telmo seng Geschicht, eng zimlech krass Geschicht, déi den Erwuessenen déi aner Säit vun der Medaile weist. Déi vum jonke Mënsch, deen an de Foyer kënnt well déi Grouss ne méi wëssen, wat se solle maachen. De Roalnd Meyer huet net nëmmen e Buch iwwer den Telmo geschriwwen, hien huet dem Telmo och e Facebook-Account opgemaach, sou datt jiddereen dee Loscht huet, dem Telmo - dem schwaarze Ritter - ka schreiwen.
Wéi ech mam Telmo geschriwwen hunn, huet hie mech gefrot, ob ech schonn en Artikel fir Portugal geschriwwen hätt? Ech hunn net direkt verstanen, mä den Telmo wollt, well ech jo Journalistin wier, datt ech géif en Artikel fir an d'Zeitung a Portugal schreiwen, fir datt säi Papp och géif gewuer géif ginn, datt et hei zu Lëtzebuerg e Buch iwwer säi Bouf gëtt. A well dem Telmo sengem Papp seng Geschicht grad esou Respekt verdéngt, wéi dem Telmo seng eegen, hunn ech mir iwwerluecht, mol fir t'éischt e Bréif un dem Telmo säi Papp ze schecken.
D'Nathalie Bender erzielt.