Anne Vallaeys, Journalistin a Schrëftstellerin, d'Fra vun der éischter Stonn bei der franséischer Zeitung Libération huet sech no hirer journalistescher Karriär der Prosa zougewennt. An hirer Aarbecht als Schrëftstellerin ass awer di journalistesch Handschrëft ëmmer z'erkennen. Si huet e Gespier fir ganz besonnesch Sujeten, reell Geschichten an Evenementer, ob et d'Médecins sans Frontières sinn, joerhonnertenal Schéiferweeër oder eng Duerfcommunautéit, déi jorelaang Judde virun der Deportatioun verstoppt huet. D'Anne Vallaeys um Mikro vum Valerija Berdi.
partager