Et gesäit ee net dack eng Drag Queen zu Lëtzebuerg an Aktioun. Ma haut den Owend um Best of Open Screen zu Diddeleng schonn: d'Carlotta Moore. An et huet een am Lëtzebuerger Journalismus och net all Dag Geleeënheet en Interview mat enger Drag Queen ze maachen. Deementspriechend Gedanke ginn engem am Virfeld duerch de Kapp: Ass et eng Diva? Daucht se a kompletter Montur op? Ass se pikéiert deemno wéi eng Fro ee stellt, respektiv deemno wéi d'Fro gestallt gëtt? Schwätzt een se mat Madame oder Monsieur un?....Hëlt se sech selwer fir de Nuebel vun der Welt?
Oder gesäit se sech als dat wat se ass: eng Artistin déi - emol aus der Montur eraus- e méi oder manner gewéinleche Mann ass an e grad sou gewéinlecht Liewen huet wie souvill anerer och? Froen iwwer Froen déi d'Nathalie Bender sech am Virfeld vum Interview mat der Queen Carlotta Moore gestalt huet.