Hydre Editions huet fir de 5. Gebuertsdag vum Editiounshaus zwee nei Wierker publizéiert: "Das Reservoir der Träume" , an "Une vérification de l'origine".
Une vérification de l'origine ass an der Serie "Courts" publizéiert, a vum Tom Nisse geschriwwen.
Un sech ass et e Wierk iwwer hie selwer, a seng Siicht op d'Welt - deemools wou den Auteur deen haut zu Bréissel lieft a schafft nach um Lampertsbierg an de Lycée goung, a nach e bëssen éischter, wou hien an der Stad doheem war an do och alt bei senger Groussmamm agekéiert ass.