Dës Woch koum d'Nouvelle, datt de franséische Schrëftsteller, Historiker, Journalist a Bewunner vum Schlass vum Leonardo da Vinci, de Gonzague Saint-Bris, duerch en Accident mam Auto ëm d'Liewe koum. De Literaturfestival La Forêt des livres geet trotz dëser rezenter Nouvelle vum déidlechen Accident vum Grënner a President a seng 22. Editioun.
De Gonzague Saint Bris war en exzeptionelle Charakter, dee säin Ierwen an den Déngscht vun der Literatur gestallt a säi materielle wéi geeschtege Räichtum mat jidderengem gedeelt huet. Detailer vum Nathalie Bender.