Sankt Moritz am Oberengadin am Kanton Graubünden an der Schwäiz steet fir Luxus, Eleganz a vill Suen. D'Duerf selwer ass seng eege Mark an dat op 1856 Meter Héicht. De Wanter-Tourismus floréiert zu Sankt Moritz, schonn zwee Mol, 1928 an 1948 haten si d'Wanterolympiade a regelméisseg och Schi- a Bobweltmeeschterschaften. De Summer zu Sankt Moritz ass awer éischter kuerz, mä huet och eppes. Zënter zéng Joer gëtt de "Festival da Jazz" organiséiert, mat alle Stare vum Jazz an der Jazz-noer Musek.
De Museksjournalist Horst Senker war zu Sankt Moritz derbäi, huet sech Duerf ugekuckt, Jazzconcerten gelauschtert an virun allem intressant Leit begéint.