Kultur
Néie Programm Theatre am Dierfchen
Fënnef néi eege Produktioune presentéiert den Theatre du centaure fir d'kommend Saison, dorënner ee Lëtzebuergescht Stéck, Shakespeare an ee feministeschen Text. Fir d'Myriam Muller, Schauspillerin, Regisseurin an artistesch Direktesch vum Theater am Dierfchen, geet et an dëser Saison em de Glawen am wäitste Sënn, em Gerechtegkeet an Ongerechtegkeeten an em de Kontinent Afrika. Den Theater presentéiert fënnef néi eege Produktiounen, dorënner e Lëtzebuergescht Stéck, Shakespeare an ee feministeschen Text, déi sech op déi eng oder aner Aart a Weis mat dësen Themen ausernaner setzen.