arrow_back_ios
Fräie Mikro
D'Afd - eng Alternativ géint Däitschland
Virun zéng Deeg huet d'Däitschland en neie Bundestag gewielt, an deem eng Partei iwwer 12 Prozent krut, déi mat friemefeindlechen an islamkriteschen Téin gepunkt huet. Wat fir en Afloss huet déi staark Präsenz vun der AfD op d'Eenheet vun der däitscher Gesellschaft an op d'Liewe vun de 4,5 Millioune Moslem, déi an Däitschland liewen? Op dem Tag der Deutschen Einheit sinn och d'Moscheeën Däitschland op. Geet dat duer, fir déi Leit ze berouegen, déi d'AfD verängschtegt?