Kultur
Van Morrison - Roll With The Punches
"Roll With The Punches" bitt souwuel Eegekompositiounen un, wéi och Klassiker aus der Fieder vu Bluesgréisste wéi Bo Diddley, Lightning Hopkins oder T-Bone Walker. Als Begleeder huet de Morrison Leit derbäi, déi dëse Genre kredibel eriwwerbréngen: Chris Farlowe, Jeff Beck, Paul Jones oder säin Hauskeyboarder Georgie Fame. Mat 72 Joer beweist Van the Man, datt seng Stëmm a seng Loscht Musek ze maachen nach ëmmer voll do sinn. D'Arrangementer sinn ausgeduecht bis zum Schluss, d'Ambiance um Album relax an ofgehaangen. Fir de Fred Medernach de Beweis, datt een och sougenannten ale Schanken a Klassiker duerchaus e weidert musikalescht Liewe ka ginn.