arrow_back_ios
Kultur
Déi 17. Nuit des musées zu Lëtzebuerg
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Déi éischt "laang Muséesnuecht" ass 1997 zu Berlin organiséiert ginn; d'Konzept feiert also an dësem Joer e ronnen 20. Gebuertsdag. Zu Lëtzebuerg si mir dësen Hierscht bei der 17. Editioun. Dag an Dag aus bidden eis siwe stater Muséeën eng Hellewull Aktivitéiten, fir hir Ausstellungen engem breede Public méi zougänglech ze maachen. D'Nuit des musées ass dobäi d'Kiischt um Kuch, well dës Nocturne e speziellt Muséesfest ass. Wat 2017 besonnesch ass, weess d'Kerstin Thalau.