Kultur
Das Dummgeheuer Bumm oder: Ich bin immer für dich da
D'Initiativ Freed um Liesen proposéiert en neit Buch "Das Dummgeheuer Bumm oder: Ich bin immer für dich da" vum weltbekannte Schrëftsteller an Illustrator Helme Heine. An deem Buch geet et ëm e blot Wiese mat rouder Nues an zwee verschidde-faarwege Schong, dat bei engem klenge Meedchen aus enger Kartongskëscht erausklëmmt. Fir déi Erwuessen ass et onsiichtbar well si kënne näischt mat him ufänken. Dofir awer ëmsou méi d'Kanner, well dat "Dummgeheuer" hëlleft hinnen am deegleche Liewen, a wann dat klengt Meedchen zum Schluss vum Buch eleng eens gëtt, geet d'"Dummgeheuer Bumm" bei dat nächste Kand fir ze hëllefen. Dat Buch kann ee mat Freed vun 0 Joer u kucken a bis 100+ liesen, mengt de Johann Schoo.