arrow_back_ios
Fräie Mikro
Tipps géint Stammdëschparolen
Wéi kontert ee graff, plakativ Aussoe wéi: "Wie keng Aarbecht huet, ass liddereg" oder "D'Auslänner huelen eis d'Plazen ewech"? Missionéieren an argumentéieren mécht net ëmmer Sënn. Dofir awer: eng kloer perséinlech Haltung déi weist, datt een net d'Accord ass. Net nëmme fir dem Géigeniwwer ze konteren, mä haaptsächlech fir d'Leit ronderëm ze bestäerken, déi Zeie sinn vun deem Gespréich a sech vläicht net direkt trauen, sech ze manifestéieren. De Fräie Mikro vum Anne Heniqui.