Kultur
50 Joer Euroradio Music Exchange
5 min
Duerch de Projet Euroradio Music Exchange vun der Union Européenne de Radio-Télévision stellen ëffentlech-rechtlech Medienhaiser sech zënter 50 Joer Opname vu Concerte géigesäiteg zur Verfügung. Ugefaangen huet de Projet 1967 mat enger Serie vu siwe Concerten, déi vun 13 Organisatiounen diffuséiert gouwen, esou de Graham Dixon, Responsabelen fir de Radio bei der UER. Haut huet de Reseau 73 Memberen a 56 Länner, eng 3.000 Concert-Opname ginn ausgetosch an d'UER organiséiert Evenementer, wei d'Eurovisioun an den Euroradio. Och de radio 100,7 ass Member. Hannergrënn vum Fanny Kinsch.