arrow_back_ios
Kultur
Esch 2022 - e schwierege Start
E Solidatitéitspiquet an e Bréif vun den zwee Coordinateuren un de Verwaltungsrot vun der Asbl Esch 2022 waren den Optakt zur Reunioun vum Comité an uschléissender Pressekonferenz. Déi dräi Buergermeeschtere Biancalana, Mischo an Traversini wëllen, datt Rou an den Dossier erakënnt, bidden den zwee Coordinateure Stroetgen a Wagner eng Verlängerung vum Kontrakt op weider sechs Méint. An där Zäit soll d'Vertrauen tëschent de verschiddene Parteien nei opgebaut an d'Kommunikatioun verbessert ginn. Hannergrënn vum Valerija Berdi.