Kultur
Falco - E Mythos
Haut sinn et op den Dag 20 Joer hier, datt de Johann Hölzel gestuerwen ass. Johann Hölzel seet vläicht net jidderengem direkt eppes, mä wa mir Falco soen, da wëssen mir bal all, ëm wien et geet. De Falco war en éisträichesche Museker, Sänger a Rapper, et gëtt och gäre gesot, hie wär deen éischte wäisse Rapper gewiescht. Säi Lidd "Rock me Amadeus" hat et als éischten däitschsproochege Rap-Titel fäerdeg bruecht, an den USA-Charts op Platz 1 ze kommen. De 6. Februar 1998, haut virun 20 Joer, ass de Falco bei engem Autosaccident an der Dominikanescher Republik leie bliwwen. De Jean-Claude Majerus mat engem Portrait.