arrow_back_ios
Kultur
D'Architekturmaquettistin Christine Franck
De Luxembourg Center for Architecture, kuerz LUCA, an der rue de l'aciérie zu Hollerech, feiert 25 Joer. An zwar mat der Ausstellung Multi-Scale Luxembourg, déi mir iech just nëmme recommandéiere kënnen. Doriwwer eraus ass den 8. Februar owes um siwen eng Konferenz zum Thema Architekturmaquetten haut a muer. Ënnert anerem mat der Maquettistin Christine Franck. D'Kerstin Thalau huet si an hirem Atelier besicht.