Album vun der Woch
Calexico - The Threat That Keeps Us
Nach steet tëscht der Calexico-Heemecht Tucson an hirem südlechen Ëmfeld keng Mauer. Eng Waff - eng musikalesch - fir si z'iwwerwannen awer huet d'Band aus Arizona scho laang. Wann de Jakob Valenzuela an de Martin Wenk hir Trompetten an den Akkordeon eraushuelen, da läit de Mariacchi-Rhythmus an der Loft, d'Noute schwiewe wéi d'Vigelcher iwwert den Zonk an aner Obstakele jäize no der Gittar vun Joey Burns a Jairo Zavala, de Perkussioune vum John Convertino ... an och de Scott Colberg an de Sergio Mendoza si mat Läif a Séil resp. Bass a Keyboard derbäi ... an dat ass och um neie Calexico-Album "The Threat That Keeps Up" de Fall.
Manner uniform wéi gewinnt
Allerdéngs ass d'Kombinatioun aus den US-Gringoen an den Texmex-Vertrieder net onbedéngt just op ee Stil festgeluecht - e puer Täkt Mexiko si wuel ëmmer derbäi bei Calexico, mä um neien Album awer wierklech just e puer, erstaunlech wéineg, dofir variéiere si dann d'Palett vun der Offer ganz schéin. Do ass de méi rouegen desert Sound deen um Burns seng Vergaangenheet beim Howe Gelb an Giant Sand erënnert, et rockt meeschtens éischter gemittlech a Richtung Indie mat liicht séilegen Hippietouch, et rompelt liicht op "Eyes Wide Awake", e puer Täkt World mësche sech drënner, bei "Flores y Tamales" si si an enger Cumbia op der anerer Säit vun der Grenz ... an esouguer e klenge Reggae-Trip inklusiv Beatbox fënnt een um Album, deen op der erweiderter Editioun siwe Bonustracks ubitt - dat ass vill Musek, hei hätt ee kënne straffen, an deen een oder anere Fëller ewechloossen.
En Haaptargument fir den neien Album: "The Threat That Keeps Us" ass manner uniform wéi fréier Calexico-Produktiounen, proposéiert méi Ofwiesslung, och wann dat heiansdo zimlech queesch duerch de Gaart geet. Trotzdeem erkennt een d'Band ëmmer erëm - eng Evolutioun, déi gutt deet.
E Lidd fir den Donald
Mä Calexico ass méi wéi de Soundtrack, deen ee mathëlt fir e Cinémascope-Ofstiecher ënnen an de Südweste vun de States. Calexico sinn och politesch, ouni sech als Politband ze verstoen, sange vum Alldag, dee schonns emol méi roueg an harmonesch war bei hinnen, weisen op Mëssstänn a Geforen hin - "The Threat", d'Bedrohung am Albumtitel, an dediéieren esou de Song "Dead In The Water" hirem President, dee fir si d'Leit net zesummen, mä auserneebréngt.
De Fuedem fir alles zesummenzehalen, wat am Moment an deemnächst riskéiert a Stécker ze zerfalen? Den Joey Burns seet d'Léift an d'Musek. Richteg héieren, Léift a Musek fir Mënschen zesummenzebréngen: Wien haut - net nëmmen an den USA - esou Saache seet, deen ass wahrscheinlech onheemlech naiv an idealistesch a passt dann och bei dat onbeschwéiert Landschaftsbild, dat um Cover vun dësem neie Calexico-Release figuréiert. Ech géif soen, den Joey Burns ass ganz einfach en onstabilt Genie, dat zesumme mat senge Bandkollegen Nouten a Wierder iwwert all Grenzen a Mauere vun dëser Welt fléie léisst ... a kee ka si ophalen. Muy bien, hombre!
And the winner is ...
A wa mir scho bei Trompetten an enger Mauer sinn - wann ech mech richteg erënneren, gouf esou eng Geschicht schonn emol viru ganz ville Jore geschriwwen, net a Mexiko mä zu Jericho. Ob si elo historesch bewisen oder just fiktiv ass, sief emol dohigestallt. Fest steet, datt d'Resultat beim Joshua - Kapitel sechs, wann Dir gär noliest - a bei Calexico dat selwecht ass: D'Trompetten hu gewonnen.