Fräie Mikro
Dieser Feuerkopf mit dem klaren, unbestechlichen Urteil
An enger Zäit, an där d'Stëmme vu couragéierten Intellektuellen verstommt schéngen, ass et wichteg, u Leit wéi de Frantz Clément ze erënneren. En engagéierte Kämpfer fir eng gutt Ausbildung fir jiddereen, fir demokratesch Wäerter a Mënscherechter, huet de kritesche Journalist a präzise Beobachter a ville kulturelle Publikatiounen seng Bewonnerung fir déi däitsch an déi franséisch Kultur ausgedréckt. Säi Courage a seng grued Haltung huet hien 1942 mat sengem Liewe bezuelt. D'Simone Beck erënnert un dëse wichtegen an engagéierte Schrëftsteller.