arrow_back_ios
Fräie Mikro
Iergendwou am Texas
Während Joerhonnerten waren d'USA dee Magnéit fir Mënschen aus aller Welt, déi wollten Aarmut oder Krich an hiren Heemechtslänner entgoen. Wann dee Schrëtt fir kee vun hinnen all einfach war, sou hate se dach eng reell Chance. Dat ass awer haut net méi esou: et geléngt hinnen emol net méi mat hire Kanner zesummenzebleiwen, déi hinne bei illegaler Awanderung vu Grenzbeamten ewechgeholl ginn, fir se ze bestrofen. Lues a lues ginn d'USA a wichtege Gebitter e rechtsfräie Raum.