"A quoi ressemble ton Europe?", esou war de Bierger-Forum mat ronn 1.600 Leit gëschter am fréien Owend an der Philharmonie um Kierchbierg iwwerschriwwen.
De franséische President Emmanuel Macron an de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel hu sech gutt annerhallef Stonn laang de Froe vun de Leit am Sall gestallt. Klimawandel, Migratioun an de Weltraum waren nëmmen e puer vun den Themen bei dëser " Consultation citoyenne ". Reportage : Serge Kesseler.