Wann et ëm d'Ziler fir CO2-Emissiounen geet, si sech d'Europaparlament an d'Europäesch Kommissioun net eens.
Bis 2030 mussen CO2-Emissioune vun Autoen ëm 45 Prozent reduzéiert ginn. Dat ass dat, wat d'Europaparlament elo proposéiert. D'Ëmweltkommissioun vum Parlament gouf sech gëschter Owend eens iwwer hir Positioun. Si geet däitlech méi wäit wéi dat, wat d'Europäesch Kommissioun am November zejoert proposéiert hat. Hannergrënn vum Danièle Weber.