Wat hiren Deontologie-Kodex ugeet hätten d'Regierungsmembere sech wéi Musterschüler verhalen: zu dëser Aschätzung kënnt den zoustännegen Ethik-Comité.
D'Verhalensregele fir Ministeren a Staatssekretäre sinn zanter November 2014 juristesch contraignant a Kraaft. Dora geet et zum Beispill ëm potentiell Interessekonflikter an ëm d'Unhuele vu Kaddoen.
Fir en Tëschebilan huet de Serge Kesseler mat Membere vum Ethik-Comité geschwat.