arrow_back_ios
Fräie Mikro
Angry white men
Géint all Oppositioun huet den amerikanesche Senat mat 50 zu 48 Stëmmen dem President Trump säi Kandidat fir den Ieweschte Geriichtshaff nominéiert. Während Woche goufen dem Brett Kavanaugh seng Ugrëff géint Studiekolleeginnen a säin Alkoholkonsum an der Ëffentlechkeet debattéiert. Geschuet hu si him net. An d'amerikanesch Frae sinn alt nees eng Kéier mat der Realitéit konfrontéiert ginn, datt hir Dignitéit an hir Meenung net zielen.
De Fräie Mikro vun der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.